Shows / Nogelauschtert

Episodes
NogelauschtertRegierung soll am Sträit mat der AMMD méi Kompromëssbereetschaft weisen., 14/10/2026 12:15
Mengt den Invité vun der Redaktioun Dr. Gérard Schockmel (DP). E weidere Sujet waren d'Resultater vun der Sonndesfro.
NogelauschtertParlamentaresch Rentrée: Nei Deputéiert, Sanktiounen a gutt Virsätz, 14/10/2026 07:40
Um Dënschdeg war rentrée parlementaire um Krautmaart, mat ville Sujeten an Dossieren, an enger Vereedegung.
Nogelauschtert"E Mangel u Beweegung, virun allem bei de Kanner, ass fatal.", 14/10/2026 07:15
Den SNE plädéiert fir méi Beweegung an de Schoulen, och baussent dem reguläre Sportsunterrëcht.
NogelauschtertADR mat 12,8% esou staark ewéi nach ni, 13/10/2026 17:40
Wann e Sonndeg géif gewielt ginn, dann hätt d’ADR mat 12,8 Prozent an 8 Sëtz hiert beschte Wal-Resultat. D’CSV-DP-Koalitioun hätt keng Majoritéit méi.
NogelauschtertSchaarf Kritik vum OGBL an ULL, 13/10/2026 12:40
Aarbechtskonditioune vu Livreure wieren deels modern Sklaverei
NogelauschtertKritik un der Fridman-Decisioun: De Risiko fir Lëtzebuerg bleift onkloer., 13/10/2026 12:15
D'Klo vum russeschen Oligarch Fridman, méiglech Sanktioune géint Israel an de Budget 2027 ware Suje mam Invité vun der Redaktioun Franz Fayot (LSAP)
NogelauschtertSchülerprotest a Frankräich : " l'acte 5 ", 13/10/2026 07:40
Um Dënschdeg ass nees e Protest-Dag vun de Schüler a Frankräich. Hei en Iwwerbléck firwat et zu der grousser Roserei komm ass.
NogelauschtertVisupol an der Uewerstad: Méi Kameraen, méi Sécherheet?, 13/10/2026 07:15
D'Kameraiwwerwaachung an der Stad Lëtzebuerg soll weider ausgebaut ginn. Wou a wéi vill, bleift nach ze kucken.
NogelauschtertNeien Aktiounsplang fir d'Rechter vu Leit mat Handicap presentéiert, 12/10/2026 17:40
5 Ministèren hunn 119 Aktioune fir méi Inklusioun, Autonomie a Participatioun ausgeschafft.
Nogelauschtert"Gewisen, datt mer erpressbar sinn", 12/10/2026 12:40
Oppositioun kritiséiert Regierungsasaz fir de russeschen Oligarch Mikhail Fridman.
NogelauschtertInvité vun der Redaktioun: Meris Šehović (déi gréng), 12/10/2026 12:15
"Et huet een d'Gefill, dass dës Regierung net an där Krisenzäit lieft, déi mir alleguerten esou wouerhuelen"
NogelauschtertSchülerprotester a Frankräich: Onzefriddenheet bleift, 12/10/2026 07:40
De franséische Bildungssystem steet ëmmer méi ënner Drock: Zanter Woche protestéiere Schüler, Studenten an Enseignanten a ganz Frankräich...
NogelauschtertEn DAP, fir datt den Déngscht an der Arméi méi wéi eng Linn am CV ass, 12/10/2026 07:15
Fir d’Arméi méi attraktiv ze maachen, huet d’Regierung de Solde vun Zaldoten ëm 530 Euro de Mount eropgesat an investéiert méi an d’Militär-Infrastruktur.
NogelauschtertËmfro huet erginn: Majoritéit fuerdert méi demokratesch Kultur zu Lëtzebuerg, 09/10/2026 17:40
Den Zentrum fir politesch Bildung huet dës Ëmfro fir säin 10. Gebuertsdag an Optrag ginn, a fillt sech a senger Aarbecht confirméiert.
NogelauschtertGary Diderich: Déi Lénk: Eis Zoustëmmung fir d'Steierreform deet eis net wéi, 09/10/2026 12:40
E Freideg de Moie war d'Politik vun Déi Lénk Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun", mam Gary Diderich.
NogelauschtertVu "Schissi" bis "schäiss", 09/10/2026 12:15
Een Audit suergt am Ierpeldenger Gemengerot fir méi hefteg Diskussiounen...
NogelauschtertHome Expo 2026: D'Regierung wëll kleng Wunnenge fërderen, 08/10/2026 17:40
Privat an ëffentlech Interessie si sech eens: Et muss méi einfach sinn, fir méi ze bauen.
NogelauschtertExtrem-Wieder: Regierung wëll besser informéieren, 08/10/2026 12:40
Zu all Joreszäit ginn et Situatiounen op déi ee sech preventiv preparéiere kann. D'Regierung huet um Donneschdeg Detailer geliwwert.
Nogelauschtert"Mir kënnen net alles als Staat maachen, mä mir versichen eist Bescht", 08/10/2026 12:15
Dir konnt en Donneschdeg de Moien dem Finanzminister Gilles Roth Är Froen zu der Budgetspresentatioun stellen.
NogelauschtertAffär wéinst frauduléiser Immigratioun., 08/10/2026 07:40
Éischt Denonciatioun géint Haaptverdächtegen 2019 aus dem Inneministère.
NogelauschtertKonferenz vum CePAS iwwer Jonker an d'KI., 08/10/2026 07:15
Wann d'Kënschtlech Intelligenz de beschte Frënd gëtt.
NogelauschtertD’Steierreform ass eng “verpasste Chance fir d’Inegalitéiten, 07/10/2026 17:40
Panorama social 2026: Ongläichheete bleiwen zu Lëtzebuerg weider héich, kritiséiert d’Presidentin vun der Chambre des Salariés Nora Back.
NogelauschtertCarlo Thelen : De Staat soll manner astellen, 07/10/2026 12:40
Den Direkter vun der chambre de commerce huet engersäits eng Astellungsbrems beim Staat an eng prinzipiell Diskussioun iwwert den Index gefuerdert.
NogelauschtertBudget 2027: Staatsschold no un 30%, 07/10/2026 12:15
"Fir d'Leit, fir Opschwong": dat ass den Titel vum Budgetsprojet fir d'nächst Joer. Mer hunn d'Haapt-Punkten analyséiert.
NogelauschtertExtreemt Niddregwaasser um Rhäin., 07/10/2026 07:40
Konsequenze fir d'Schëfffaart bis op Lëtzebuerg.
NogelauschtertTable Ronde "Verité" an der RTL City, 07/10/2026 07:15
Wou informéiere mer eis? Wéi erkenne mer Desinformatioun a wéi enge Medie kann ee vertrauen? Froen iwwert déi RTL-Infos dikutéiert huet.
NogelauschtertAndréck vu Metz: "Bildung ass ee Recht, kee Privileeg!", 06/10/2026 17:40
Dausende Schülerinnen a Schüler sinn en Dënschdeg bei eise franséischen Noperen op d'Strooss gaangen a besser Konditiounen an der Schoul gefuerdert.
Nogelauschtert"Invest an de Logement geet net duer, Gesetzer mussen och geännert ginn", 06/10/2026 12:40
En Dënschdeg de Moie war de nächste Budget Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun", mam CSKL-Direkter Sylvain Hoffmann.
NogelauschtertSchülerprotest a Frankräich : Ëm wat geet et eigentlech ?, 06/10/2026 12:15
Virum Hannergrond vunn der grousser Mobilisatioun a Frankräich ëm d'Lyçée-Protester stelle sech vill Froën. Mer hu resuméiert.
Nogelauschtert“Loft no ënnen”, fir d’Hausse vun den Depensë beim Staat ze bremsen., 06/10/2026 07:40
D’Recettë vum Staat hunn an den éischten néng Méint vum Joer gespruddelt, mee d’Depensë bal genau esouvill.
NogelauschtertBedenke vum Staatsrot kënnen aus dem Wee geraumt ginn, esou Ministesch., 06/10/2026 07:15
Chamberkommissioun Santé iwwer groussherzoglech Reglementer, déi d’Konventiounen tëschent CNS an AMMD ersetzen.
NogelauschtertHarald Martenstein: "Mat engem AfD-Verbuet amputéiert een d'Demokratie.", 05/10/2026 17:40
Den Auteur a Journalist Harald Martenstein war Invité um Radio.
NogelauschtertArméi: Infrastrukture bleiwe gréisste Chantier, 05/10/2026 12:40
Um Méindeg war de neie chef d'état major, de Generol Claude Robinet eisen Invité vun der Redaktuioun.
NogelauschtertAuteur a Journalist Harald Martenstein live op RTL Radio, 05/10/2026 12:15
Hie gehéiert zu de bekanntste Chronisten an Däitschland. Mat him hu mer eis ënnert anerem iwwert d'Parteienlandschaft bei eise Noperen ënnerhal.
NogelauschtertWéi kann de Gesondheetssecteur méi resilient ginn?, 05/10/2026 07:40
D'Penurie vu Ressourcen an d'Cybersécherheet wiere besonnesch wichteg fir d'Resilienz vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem, esou d'Spidolsfederatioun.
NogelauschtertJuristesch Iwwerpréiwung schleeft, 05/10/2026 07:15
D’Konventioun tëscht Psychotherapeuten an CNS waart zanter zwee Joer drop ënnerschriwwen ze ginn
NogelauschtertGrippesaison steet virun der Dier, 03/10/2026 10:00
Spideeler gutt opgestallt fir nei Wellen u Covid- a Grippefäll
Nogelauschtert"Mir hunn d'Recht, fir sécher Heem ze goen!", 03/10/2026 08:00
D'ASBL "Ask for Angela" hat eng friddlech Marche duerch d'Stad organiséiert, fir op d'Suerge vu ville Fraen a Männer opmierksam ze maachen.

NogelauschtertQ&A: Europa soll Pëtrolsreserve fräi ginn, wëllen d'USA, 02/10/2026 12:40
D'EU-Kommissioun wëll préiwen, ob een Dieselsreserve fräi gëtt.
Nogelauschtert"Mir musse fort vu Pëtrol a Gas, fir d'Klimakris ze stoppen", 02/10/2026 12:15
Den däitschen Expert Christian Stöcker war de Moien am RTL-Interview an huet gewarnt, datt een d'Klimakris misst eescht huelen an handelen
NogelauschtertAmazon: Systematesch Iwwerstonnen a keng Zäit fir Recuperatioun, 02/10/2026 07:40
Weidere Signalement bei der Inspection du Travail et des mines (ITM) géint Amazon. Dës Kéier geet et ëm d’Iwwerstonnen.
NogelauschtertStudio 2 : Wéi komme mer endlech aus der PISA-Datz?, 02/10/2026 07:15
Um Donneschdegowend war déi éischt Emissioun vum "Studio 2", der Nofollger-Emissioun vum Kloertext op der Tëlee.
NogelauschtertD'Croix-Rouge wëllt méi Leit rekrutéieren, 01/10/2026 18:00
Fir dat Zil ze areechen, gouf elo eng Campagne lancéiert. Dës wier och néideg, well d'Konkurrenz am Gesondheets- a Sozialsecteur wier ganz grouss.
NogelauschtertD'Chamber mécht ee Réck- an een Ausbléck, 01/10/2026 17:40
Den 13. a 14. Oktober ass déi grouss Rentrée am Parlament. Dëst huet ëmmer méi Aarbecht a soll weider moderniséiert ginn.
NogelauschtertOp Belval soll déi éischt Wunngenossenschaft entstoen, 01/10/2026 12:40
Méi Wunngenossenschafte géife Marché "gutt zu Gesiicht stoen", fënnt de Minister Claude Meisch.
NogelauschtertSteierreform: Eng "fortschrëttlech" Reform mat enger Rei Hicken, 01/10/2026 12:15
Mam fréieren Direkter vun der Steierverwaltung Guy Heintz hu mer op d'Steierreform gekuckt.
NogelauschtertNeien Nationalen Zenter fir Monumenter, 01/10/2026 07:40
No 3 Joer laange Renovatiounen plënnert den Zenter fir national Monumenter a seng nei Büroen an der Fiëls.
NogelauschtertPISA-Resultater verbesseren? "Kand sinn" spillt grouss Roll, 01/10/2026 07:15
Mir hunn am centre de logopédie a beim Elterenforum nogefrot wéi sech d'Sproochentwécklung bei Kanner kéint verbesseren.
NogelauschtertDiskussiounen iwwert Congéen am CPTE, méi Zäit fir d'Famill steet am Raum, 30/09/2026 18:00
D'Regierung huet Propose presentéiert, fir Congéen, déi et scho gëtt auszebauen an een neien anzeféieren. D'Gewerkschaften an d'Patronat sinn zeréckhalend.
NogelauschtertFënnef Jugendparteie maache Propose géint d'Logementskris, 30/09/2026 17:40
JDL, CSJ, JSL, Jonk Gréng a Jonk Lénk fuerderen ënnert anerem eng Steier op Wunnengen, déi eidel stinn an d'Mobiliséierung vu Bauland.
NogelauschtertFuttball-Nationsleague: FLF-Formatioun mat 3 Punkten no 2 Spilldeeg, 30/09/2026 12:40
De Jeff Kettenmeyer analyséiert d'Situation no dem 2-1 géint Bulgarien an dem 0-3 géint Island.
NogelauschtertProblem vun der Bildungs-Ongerechtegkeet hätt de Claude Meisch "luppe" gelooss., 30/09/2026 12:15
Déi schlecht PISA-Resultater waren Theema mat onser Invitée vun der Redaktioun Djuna Bernard (déi gréng).
NogelauschtertDe Guy Helminger gëtt fir säi Lieweswierk ausgezeechent, 30/09/2026 07:40
Zënter 1987 gëtt all 3 Joer e Schrëftsteller fir säi Lieweswierk ausgezeechent. De Guy Helminger ass de 14. Laureat vum Batty Weber Präis.
NogelauschtertFinnesche Staatspresident Alexander Stubb op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg, 30/09/2026 07:15
De Politiker a seng Fra goufen en Dënschdeg de Moie mat militäreschen Éiere virum Palais empfaangen.
NogelauschtertAffär MALT: Pirate reagéieren op Rechnunghaff, 29/09/2026 17:40
Montant gouf scho vun den Autoritéte blockéiert
NogelauschtertDe finnesche Staatspresident Alexander Stubb ass op offizieller Visitt., 29/09/2026 12:54
Hien a seng Fra goufen en Dënschdeg de Moie mat militäreschen Éiere virum Palais empfaangen.
NogelauschtertEn Dënschdeg war d'Juegd Sujet an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun"., 29/09/2026 12:15
Méi Wëld am Éislek: Méiglecherweis duerch d'Feier am Héije Venn a Wëllef an der Belsch.
NogelauschtertZu Metz stellt de Poopst Fridden an d'Zukunft vun Europa an de Mëttelpunkt, 29/09/2026 07:40
Mat engem Appell fir Fridden, Dialog an e gëeent Europa huet de Poopst Leo XIV. e Méindeg seng Frankräichrees zu Metz ofgeschloss.
NogelauschtertArméi: Steve Thull huet Kommando u Claude Robinet ofginn, 29/09/2026 07:15
E Méindeg am fréien Nomëtteg war d'"Remise de la fonction d’état major" tëscht dem Generol Steve Thull an dem Colonel Claude Robinet.