Shows / Nogelauschtert

Episodes
NogelauschtertAlzenger Contournement: natur&ëmwelt stellt sech géint de Projet, 12/08/2026 17:40
D'Naturschutzorganisatioun kritiséiert de geplangte Stroossebau duerch d'Natura-2000-Gebitt „Vallée supérieure de l’Alzette“ a préift juristesch Schrëtt.
NogelauschtertHobby-Astronom erkläert d’Sonnendäischtert, 12/08/2026 12:40
Déi bescht Vue op déi partiell Sonnendäischtert huet ee mat enger fräier Vue op den Nordwesten. Héichpunkt ass owes ëm 20:15 Auer.
NogelauschtertWat gouf op de Kierfechter geklaut? A wat hunn déi Onéierlech dovun?, 12/08/2026 07:40
Mir hu mat engem Antiquaire no de rezente Virfäll vu Vandalismus op de Kierfechter zu Hollerech an zu Beetebuerg geschwat.
NogelauschtertAMMD wëll keng nei Konventioun mat CNS. Dat suergt fir Kritik., 11/08/2026 17:40
Reaktiounen op AMMD-Decisioun
NogelauschtertWee gëtt nächsten Chef vun der UNO?!?, 11/08/2026 12:40
Den aktuellen UN-Generalsekretär Antonio Guterres hällt no 10 Joer op sengem Posten Enn dës Joers op. Mir kucke ween fir d'Successioun a Fro kënnt.
NogelauschtertElengerzéiende Papp muss Wunneng verloossen, 11/08/2026 07:40
Ëmmer méi Leit hu Problemer, eng Wunneng ze fannen a se och kënnen ze bezuelen.
NogelauschtertBiisser Supporter geschloen an aggresséiert, 10/08/2026 17:40
Jeunesse Esch condamnéiert Virfall a kënnegt Enquête un
NogelauschtertFir de gudden Zweck : Scoute verkafe fréier Deeler vum Pont Adolphe, 10/08/2026 12:40
Fir de gudden Zweck hunn d'Scoute Pottoen verkaf, déi bis zur leschter Renovatioun zur Balustrad vum Pont Adolphe gehéiert hunn. Et gëllt : SOLD OUT.
NogelauschtertMéi "extremistesch Proposen" am Netz maache Suergen, 10/08/2026 07:40
Eng Reguléierung vum Internet soll evitéieren, dass sech jonk Leit op der Sich no Identitéit radikaliséieren.
NogelauschtertUm e-lake soll a Sécherheet gefeiert ginn, 07/08/2026 17:40
Lila Point: eng sécher Plaz am Kader vum Projet SaferNight

NogelauschtertAsaz an der Gironde huet nach emol gewisen, wéi wichteg amphibesch Fligere sinn, 06/08/2026 17:40
Wieger Ketellapper vun Aquarius Aerial Firefighting am RTL-Interview :
NogelauschtertFrauduléis Immigratioun, 06/08/2026 12:50
6.000 Euro fir falsch Pabeieren an Demarchë bezuelt
NogelauschtertMam Kulturminister Eric Thill op der Randonnée touristique et culture, 06/08/2026 07:40
All Joer geet et an een aneren Eck vum Land. Dës Kéier stoungen den Osten an d'Mëllerdall-Regioun am Mëttelpunkt.
NogelauschtertD’LSAP lueft Gestioun zu Ceuta, d’ADR net, 05/08/2026 17:40
Lëtzebuerger Politik reagéiert op Migratiouns-Situatioun an der spuenescher Exklav
Nogelauschtert"Et ass en Ausbroch dee jidderee beonrouegt!", 05/08/2026 12:40
Dat seet en Epidemiologe vu Médecins sans Frontières am RTL Interview iwwert d'aktuell Ebola-Situatioun an der Demokratescher Republik Kongo.
NogelauschtertThomas Dentzer: “Mir hu Saache verbessert, well mer net ganz gutt waren”, 05/08/2026 12:00
Den neien Direkter vum nationale Gesondheetslaboratoire LNS Thomas Dentzer war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
NogelauschtertNeie Minigolf an der Péitruss ass elo fir de Public op, 05/08/2026 07:40
Bis op Weideres kann een awer just op 12 Lächer spillen. Un enger Léisung gëtt awer geschafft, verséchtert d'Buergermeeschtesch Polfer.
NogelauschtertLëtzebuerg lueft Spuenien fir d'Krise-Gestioun, 04/08/2026 17:40
EU-Inneminsiter beroden sech wéinst Ceuta
NogelauschtertBëschbränn an der Gironde: Lëtzebuerger Pompjeeën hunn an der Regioun gehollef, 04/08/2026 12:40
"Eppes an där Envergure hunn si nach ni gesinn" – D'Lëtzebuerger Pompjeeën zéien am RTL-Interview Bilan nom Feier an der Gironde
Nogelauschtert"E politesche Magnéit, deen no lénks an der Chamber gezunn huet", 04/08/2026 12:00
Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner war de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
NogelauschtertNo iwwer 40 Sëtzungen : Ethikkommissioun publizéiert Avis iwwer PMA a GPA, 04/08/2026 07:40
Virun 3 Joer gouf d'Ethikkommissioun vun der viregter Regierung beoptraagt sech zu der kënschtlecher Befruchtung an der Leihmutterschaft ze prononcéieren.
Nogelauschtert2025 goufen et 2.538 Gefaangenentransporter tëscht Prisongen a Geriichter, 03/08/2026 17:40
RTL huet beim Justizminsitère d'Donnéë gefrot
NogelauschtertTrotz Touriste-Saison ass den Accès bei d'Kallektuffquell aktuell ganz gespaart, 03/08/2026 12:40
Vun de politesch Responsabele gesäit sech keen esou richteg responsabel, esou d'Kritik vum Alexandra Schoos a Ben Streff.
NogelauschtertD'Sich no Saisonsaarbechter ass eng Erausfuerderung fir d'Wënzer, 03/08/2026 12:00
De President vun de Lëtzebuerger Privatwënzer Jeff Konsbrück war de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
NogelauschtertD'Jugendorganisatioun vun der DP kritiséiert deels d'Regierungspolitik, 03/08/2026 07:40
Virop viséiert sinn Dossieren, déi an d'Zoustännegkeet vun der eegener Mammepartei a virop vum Claude Meisch falen.
NogelauschtertWat fir Rechter huet een als Tourist? Mir hu nogefrot!, 02/08/2026 10:00
Mir hu beim Europäesche Konsumenteschutz nogefrot, wéi eng Rechter een huet, wann d'Vakanzepläng wéinst de Bëschbränn op d'Kopp gestallt ginn.
NogelauschtertUfank vum Kollektivcongé am Bausecteur, 31/07/2026 17:40
De Congé bleift bei Patronen an Aarbechter beléift.
NogelauschtertFilmland zu Kielen mécht definitiv zou, 31/07/2026 12:40
13 Joer laang goufen hei Filmer gedréit. D'Claudia Kollwelter war laanscht kucken.
NogelauschtertD'Frequenz an d'Intensitéit vu schroe Bränn ginn däitlech an d'Luucht, 31/07/2026 07:40
De Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder war de Moie Live bei eis am Studio fir iwwer de Bëschbrandrisiko zu Lëtzebuerg ze diskutéieren.
NogelauschtertDe Lëtzebuerger Bësch steet wéinst dem Wieder massiv ënner Stress, 30/07/2026 17:40
Natur- a Bëschverwaltung warnt, Dréchent an Hëtzt géifen dofir suergen, datt d'Beem manner Waasser aus dem Buedem gezu kréien.
Nogelauschtert1% Croissance vum Emploi kann Zouwuess bei de Pensiounen net opfänken, 30/07/2026 12:40
De President vun der Pensiounskeess Alain Reuter war den Invité vun der Redaktioun. E Resumé vum Gespréich.
NogelauschtertPolicekontroll: E-Trottinetten am Viséier, 30/07/2026 07:40
RTL war bei enger aussergeweinlecher Policekontroll beim Rond-Point Schumann mat derbäi.
NogelauschtertRadikaliséierungsfuerscher Ahmad Mansour am Gespréich, 29/07/2026 17:40
Migratioun begrenze fir Gefor vun Attentater ze reduzéieren.
NogelauschtertOp der Sich nom Waasserproblem an der Gemeng Habscht, 29/07/2026 12:40
Zanter zwou Wochen ass de Waasserverbrauch ongewéinlech héich. Zu Simmer gouf no enger méiglcher Fuite gesicht. Eis Journalistin mellt sech vun der Plaz.
NogelauschtertD'Lëtzebuerger Arméi wiisst., 29/07/2026 07:40
56 Rekrutte sinn als Zaldote vereedegt ginn. Zu Useldeng gouf déi 209. "Promesse solennelle" gefeiert.
NogelauschtertDéi asiatesch Runn breet sech zu Lëtzebuerg aus, 28/07/2026 17:40
Déi invasiv Zort Horniss kann eng Menace fir d'Biodiversitéit zu Lëtzebuerg sinn.
NogelauschtertBancomat zu Veianen gesprengt: "Dat war gewalteg, et huet 3 Mol geknuppt", 28/07/2026 12:40
Den RTL-Journalist Pit Everling huet sech vun der Plaz gemellt. De Buergermeeschter François Weyrich huet Explikatioune ginn.
NogelauschtertDe Karschnatz ass aussergewéinlech fréi fäerdeg, 28/07/2026 07:40
Déi grouss Hëtzt an déi laang Dréchent hu Konsequenze fir d'Baueren. D'Marlène Clement huet sech de Moie Live vun engem Bauerenhaff gemellt.
NogelauschtertNo Attack op Curateur: Jeune Barreau fuerdert méi Respekt fir d'Justiz, 27/07/2026 17:40
D'Famille judiciaire soll respektéiert ginn a sech bei hirer Aarbecht a Sécherheet spieren, esou d'Fuerderung vum Jeune Barreau.
NogelauschtertGréisseren Trams-Chantier tëscht der Rouder Bréck an der Philharmonie, 27/07/2026 07:40
Nach bis den 9. August inclus gëtt Dag an Nuecht geschafft: D'Marlène Clement war Live fir eis kucken, wéi de Chantier viru kënnt.
NogelauschtertGeneralversammlung vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin, 25/07/2026 10:00
Hëtzt an Dréchent schueden dem Uebst. Produzente musse mat Drénkwaasser netzen. D'Beem hunn den Ament richtege Stress, besonnesch déi, un deenen Uebst hänkt…
NogelauschtertLex Delles: Zu Lëtzebuerg wäerte keng Fligeren, Rakéiten a Panzere gebaut gin, 24/07/2026 17:40
Neit Waffegesetz ass um Instanzewee
NogelauschtertCGDIS stellt nei Gefierer vir, 24/07/2026 12:40
De CGDIS huet 76 nei Gefierer a sengem Fuerpark an och neit Boot. D'Presentatioun war op der Musel.
NogelauschtertZu Märel gëtt et eng nei Waasserspillplaz, 24/07/2026 07:40
Se ass 7.500 Metercarré grouss an inklusiv. Dat heescht et ass eng Plaz wou also och Kanner op hir Käschte kommen, déi eng Behënnerung hunn.
NogelauschtertZu Tréier hunn honnerte Leit der verstuerwener Studentin geduecht, 23/07/2026 17:40
Déi 29 Joer al Fra gouf d'Affer vun engem Gewaltverbriechen
NogelauschtertBal 3'500 Tëschefäll am ëffentlechen Transport, 23/07/2026 12:40
Gewerkschafte gi Piste fir méi Sécherheet a Bus, Zuch an Tram.
NogelauschtertRonn 350 Réikitze goufen dëst Joer virun de Méimaschinne gerett, 23/07/2026 07:40
Ouni den Asaz vu Fräiwëllegen an de Bauere selwer wier dat net méiglech gewiescht. D'Applikatioun Bambimap.lu soll vernetzen.
NogelauschtertEt hätt een déi autoritär an neoliberal Politik vun der Regierung ausgebremst, 22/07/2026 17:40
Parlamentaresche Bilan vun deene Lénken
NogelauschtertFindel: Neie Raum fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit um Fluchhafen, 22/07/2026 12:40
Um Findel ass en neie Raum fir Persoune mat Handicap ageweit ginn, deen de betraffene Passagéier méi Confort gëtt
Nogelauschtert2. Renaturéierungsdësch: 51 nei Mesurë goufe presentéiert, 22/07/2026 07:40
Schutz géint Héichwaasser, géint Dréchent an eng besser Waasserqualitéit: Alles dat wëllt ee mat 51 Mesuren erreechen. Am Kader vum Renaturéierungsdësch.
NogelauschtertAmnesty: Lëtzebuerg riskéiert zum Kompliz am Krich géint d'Palestinenser ze ginn, 21/07/2026 17:40
Protest Piquet virun der CSSF
NogelauschtertImmigratiounsaffär: Pirate wëllen, datt de Jean Asselborn an d'Chamber kënnt, 21/07/2026 12:40
Et ass awer éischter onwarscheinlech, datt de fréieren LSAP-Minister vum Parlament invitéiert gëtt.
NogelauschtertSummer-Visitten am Palais, 21/07/2026 07:40
Bis Enn August kënnen d'Visiteuren awer nees en Abléck an déi offiziell Residenz vum Grand-Duc Guillaume kréien. Mir ware scho kucken.
NogelauschtertDe gréissten Deel vum Chômage gëtt duerch d'Privatpersoune finanzéiert, 20/07/2026 17:40
Am Moment huet de Fonds pour l'emploi eng Reserve vu gutt 450 Milliounen Euro, ma déi riskéiert ze schmëlzen.
NogelauschtertSummerseminär vum Ombudsman fir Kanner, 20/07/2026 12:40
Wéi gutt gi Kannerrechter a Realitéit ëmgesat oder respektéiert?
NogelauschtertStaatsrot gesäit Schwieregkeeten an Texter vum Jugendstrofrecht , 20/07/2026 07:40
Ee Joer gouf op d'Avise vum Staatsrot zu de Gesetzesprojete gewaart, an déi héich Kierperschaft huet och eng Rei Oppositions Formelles zréck behalen.
NogelauschtertModernisatioun vum Tunnel Schuman, 18/07/2026 10:00
Dräi Partner schaffen un engem gemeinsame Projet
NogelauschtertNo Lyhanna-Mord: Haut ass eng Manifestatioun fir e bessere Schutz fir d'Kanner, 18/07/2026 10:00
D'Presidentin vun der asbl "la voix des survivant(e)s" huet live am Moiesjournal Erkläerunge ginn
NogelauschtertParlamentaresche Bilan: LSAP hëlt der Regierung hire Stil auserneen, 17/07/2026 17:40
D'LSAP reprochéiert Schwaarz-Blo, si keng kloer Linn ze hunn, just ze reagéieren amplaz ze féieren a wichteg Dossieren ze vernoléissegen.